Category Archives: Scientific studies

Scientific studies about learning-related topics.
The studies can come from all kind of researchers, uni.lu or abroad.

Das Arbeitsgedächtnis ist der Schlüssel zu frühem schulischem Erfolg

Advertisements

Leave a comment

Filed under Scientific studies

Parler deux langues confère aussi des effets bénéfiques aux enfants de familles à faibles revenus

http://www.alphagalileo.org/ViewItem.aspx?ItemId=123697&CultureCode=fr

Leave a comment

Filed under Scientific studies, Web

Wat bewierkt d’Méisproochegkeet?

Eis Fuerschung weist, datt d’Situatioun vun der Méisproochegkeet d’Exekutivfunktioune bei Kanner fördert. 70 portugisesch Immigrantekanner zu Lëtzebuerg si getest ginn a goufe mat monolinguale Kanner a Portugal verglach. D’Kanner zu Lëtzebuerg wore méi schlecht wéi d’Kanner aus Portugal an de Sproochtester, mee bei wäitem besser an den Aufgaben, déi d’Exekutivfunktioune moossen. Dëse sougenannte “multilinguale Virdeel” an den Exekutivfunktiounen ass dorop zréckzeféieren, datt méisproocheg Kanner tëschent verschidde Sprooche hin an hir wiesselen an hir Sprooch dem Ëmfeld upasse mussen. Dës Kanner trainéieren also sou Gehirprozesser, déi näischt direkt mat der Sprooch ze dinn hunn, nämlech d’Exekutivfunktiounen.

Mir ënnersichen elo gär, ob de “multilinguale Virdeel” och bei Kanner ze fannen ass, déi an der Schoul (awer net doheem) eng zweet Sprooch léieren. Mir wäerten dofir lëtzebuergesch Kanner testen, déi Däitsch a Franséisch léieren awer doheem just nëmme Lëtzebuergesch schwätzen. Mir sichen nach no Schoulen a Studenten, déi Loscht hunn un dësem Fuerschungsprojet deelzehuelen.

Contact: Pascale Engel de Abreu: pascale.engel@uni.lu

Engel de Abreu, Cruz-Santos, Tourinho, Martin, & Gathercole (under review). Bilingualism enriches the poor.

E Merci de Schoulen an der Fiels, zu Biissen, Dikrech, Déifferdeng, Ettelbréck, a Kolmer-Bierg.

Leave a comment

Filed under Scientific studies

Wat fir eng Roll spillt d’Ëmfeld an der Entwécklung vun den Exekutivfunktiounen?

D’ Exekutivfunktioune sëtzen am frontalen Deel vum Gehir, dem sougenannte Prefrontale Cortex, deen een direkt hannert der Stir fënnt. De Prefrontale Cortex ass beim klenge Kand nach net vollstänneg ausgeprägt an entwéckelt sech virun allem während der Kandheet – vum Puppelche bis zum Teenager.

An enger Fuerschungsaarbecht hu mir iwwer 400 Kanner aus verschidde sozioökonomesche Schichten a Brasilien getest. Dës Aarbecht huet gewisen, datt Kanner aus sozioökonomesch schwaache Milieuen oft manner ausgeprägt Exekutivfunktiounen opweisen. Mir mengen, datt dëst doru läit, datt méi aarm Familljen hire Kanner eventuell net déi Stimulatioune kënne bidden, déi néideg sinn, fir datt sech d’Exekutivfunktioune kënnen optimal entwéckelen.

http://memoriaoperacional.blogspot.com/

Contact: Pascale Engel de Abreu: pascale.engel@uni.lu

Leave a comment

Filed under Scientific studies

Beaflossen d’Exekutivfunktiounen d’Léieren?

An engem gréissere Fuerschunsprojet hu mir déiselwecht Kanner vun der Spillschoul bis d‘zweet Schouljoer begleet an zu verschidden Zäitpunkten hir Exekutivfunktiounen an akademesch Kompetenzen évaluéiert. Am ganzen hu mir 287 Kanner getest.

Dës Etude huet kloer gewisen, datt d’Tester vun den Exekutivfunktiounen an der Spillschoul engem Kand säi schoulesche Progrès bis zu zwee Joer konnte virausgesinn. Kanner mat besseren Exekutivfunktioune léieren also méi liicht a schneiden an der Schoul och besser of. Et ass also wichteg, datt een d’Exekutivfunktioune grad bei jonke Kanner richteg stimuléiert a Problemer mat den Exekutivfunktioune fréizäiteg erkennt.

Contact: Pascale Engel de Abreu: pascale.engel@uni.lu; Caroline Hornung:

Engel de Abreu, Gathercole, & Martin (2011). Disentangling the relationship between working memory and language? Learning and Individual Differences, 21, 569-574.

http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S104160801100063X

Engel de Abreu, Conway, & Gathercole (2010). Working memory and fluid intelligence in young children. Intelligence. 38 (6). 552-561.

http://www.princeton.edu/~aconway/pdf/Abreu_Conway_Gathercole.pdf

Hornung, Brunner, Reuter, & Martin (2011). Intelligence. 39 (4). 210-221.

http://luxembourg.academia.edu/CarolineHornung/Papers/858148/Childrens_working_memory_Its_structure_and_relationship_to_fluid_intelligence

E Merci de Schoulen an der Staat, zu Bëschdref, Biissen, Déifferdeng, Ettelbréck, Groussbus, Housen, Kolmer-Bierg, Mäerzeg, Miersch, Réiden, Useldeng, a Viichten.

Leave a comment

Filed under School, Scientific studies

Wat sinn d’Exekutivfunktiounen?

Exekutivfunktiounen ass e Begrëff, dee benotzt gëtt fir eng Unzuel vu Gehirprozesser ze be-schreiwen, déi eis ënner anerem hëllefen Informatioune gläichzäiteg  ze verhalen an ze verschaffen (i.e. Aarbechtsgediechtnes), ze plangen, flexibel tëschent Denkprozesser hin an hir ze sprangen, an abstrakt z’iwwerleeën. Et handelt sech also em mental resp. kognitiv Prozesser, déi d’Mënsche benotze fir d’Denken, d’Verhalen an d’Emotiounen zilgerecht ze steieren.

Leave a comment

Filed under Scientific studies